Last update: 2010-12-16 | Home |
Dem Herlinde seng Krëppchen. De Réibau ass esou wäit fäerdeg an d'elektresch Installatioun gemaach. |
||
Dem Simone seng Krëppchen vun fir. D'Gerüst gëtt mat Schuele vu Beem agekleet. D'Lanter fir am Bild kënn dir och flackere gesin wann dir hei klickt. |
||
Hei ass dem Simone seng Krëppchen vun der Säit ausgesinn. Do gesäit een och en Deel vun der elektrescher Installatioun. | ||
Dem Marc seng Krëppchen ass esou wäit fäerdeg. Et ass schued, dass mer do keng Detailer méi gesinn. Et ass eng relativ opwändeg Konstruktioun mat duebler Mauer. | ||
Den Helmut huet eng orientalesch Krëppche gezwafft. Dir gesitt, si ass scho gesprëtzt. De Tuerm ass aus Kartron, de Rescht aus Sperrholz geschnidden a mat Steng besat. |