E puer Informatiounen iwwert mech:
Mäi Numm ass
zreck op d'Haaptsäit
François Oth.
Geruff ginn ech vu menge Frënn
a Bekannte Fritz.
Gebuer gouf ech
den 13 Mäerz 1954 zu Lëtzebuerg .
No menger Schoulzäit, déi ech am
Lycée
des Arts et Métiers um
Lampertsbierg mam
Diplom vum Technicien en Électronique Industrielle
ofgeschloss hunn, wor ech
10 Joer bei General Automation fir
d'Maintenance vu Computeren a
Peripherie zoustänneg. Gewiesselt hunn
ech du bei
d'Firma Wagner zu Stroossen, wor am Ufank an dem
selwechten Domaine
aktiv. No e puer Joere konnt ech mech awer méi
op
d'Banke
konzentréieren, sou datt ech déi grouss Chance
hat,
nei
"super" Computeren
ze installéieren. Duerch PC'en,
déi
op de Maart gedréckt hunn, ass
d'Zäit vun de Mini-Computeren
op en Enn gaangen.
Doduerch krut ech
matgedeelt beim Wagner wär keng Aarbecht
méi fir mech ,
(wat och esou net
gestemmt huet, well direkt
een agestallt ginn ass, de meng Aarbecht iwwerholl huet),
a si hu mir un
d'Häerz geluet, ech sollt doheem bleiwen.
No enger
Zäit am Chômage, krut ech eng Plaz bei
Olympia, wat net dat Gielt vum
Ee wor, sou datt ech do opgehalen hunn.
1996
gouf am Info Video Center ugefaangen d'Leit un
d'Computeren
erun ze féieren,
an ech
hat d'Chance vum Ufank un
derbäi ze sinn.
2003
gouf de Sall vun de Computercoursën an eng
Internetstuff ëmgebaut,
déi
am Kader vun e-Lëtzebuerg
fonctionnéiert an der Gemeng Lëtzebuerg
ënnersteet.
Well an der I-Stuff d'Méiglechkeet bestong, nach
aner
Coursen
unzebidden
(Word,
Excel,Powerpoint,
Sécherheet, Fotobeaarbechtung,
elektronesch Ënnerschreft)
gouf ech
de ganzen Zäit
gefuerdert.
Vum 1. Abrëll 2014 sinn ech an der Pensioun a këmmere mech ëm den informatesche Deel bei AEIN.